Déclaratioun vun der ANASIG zu der COVID-19 Kris

Déclaratioun vun der ANASIG zu der COVID-19 Kris

D’Anasig begréisst a seet Merci all deene Sozialaarbechter/innen an Intervenants’en aus der éischter Rei déi während der COVID-19 Kris mobiliséiert sin. Mir Sozialaarbechter/innen sin diskret, schaffen oft am Hannergrond an sin dach emmer präsent un der Sait vun deenen Schwächsten och an deser Kris. Och wann déi Präsenz deels aner Formen huet missten unhuelen, och wann mir eis Servicer deels missten reduzéieren andeems mir méi op Distanz hun missten schaffen, sin mir emmer nach fir eis Bénéficiairen do. Déi heiten Kris huet muncher vun eis Opfer ofverlaangt an och Upassungen déi net emmer sou einfach woren. Mir sin eis dees bewosst an versichen, är Ufroen aus der Praxis esou gudd wéi méiglech weiderzeleeden. Soulaang des Kris net gemeeschtert as sollen mir bei der Verbreedung vun netzlechen Informatiounen zesummenschaffen an eise Schutz, an den Schutz vun de Menschen déi mir duerch eis Aarbecht begéinen, secherstellen. Mir Sozialaarbechter/innen  sind d’Schlesselelement bei der Verbreedung vun de präventiven Reflexer zum Schutz vun ons all. 

No deser Kris wärten mir wachsam sin, fir dat eis Bénéficiairen an eis Kollegen net vergiess gin an fir dat d’Solidaritéit net ophéiert wann mir se am meeschten bräuchen. Mir mussen wachsam bleiwen, fir eis geiewtent Gesondheets – an Sozialschutzsystem ze schützen dat ons an deser Kris immens gudd Dengschter geleescht huet. D’Suiten vun der Kris därfen net eleng von deenen am stärksten Benodeelegten an den Opfer vun der Kris gedroen gin. Mir wärten zweifelslos all gudde Wëllen bräuchen deen mir opbrengen kennen, fir matt den sozialen Folgen vun deser Kris eens ze gin.

admin