Léif Gréiss a bescht Wënsch zum Welt Sozial Aarbecht Dag vun dësem 17 Mäerz a Mount von der Sozialer Aaarbecht 2020 !

Dëst Joer gi mir duerch eng ganz schwiereg Zäit an Europa a zu Lëtzebuerg. Dëst Period steet méi wéi soss ënner dem zeeche vun der Solidaritéit.

Sozial Aarbechter schaffen a ganz schwierege Konditiounen. Och wa mir kee medezinescht Personal sinn, si mir de Link zu deene vulnerabelsten an der Gesellschaft an déi am meeschten um Risiko vun der Ausgrenzung an der Isolatioun wéinst dem COVID-19 leiden.

Mir ënnerstëtzen de Message vun der Regierung datt eis Matbierger sollen doheem bleiwe fir zu Sécherheet vu jidderengem bei ze droen. Awer wéi solle mir déi Cliente heem schécken déi iwwerhaapt keen doheem hunn?

Sozial Aarbechter musse Léisunge fir all d’Leit entwéckelen déi an de schwieregste Konditioune liewen. All d’Sozialaarbechter kënne leider net doheem bleiwen. Vill bleiwen um Terrain.

D’Thema vum World Social Work Day 2020 ass d’Wichtegkeet vu de mënschleche Bezéiungen. Wat elo geschitt ass wichteg a kann eis hëllefen, ze iwwerdenken, wéi d’perséinlech Bezéiunge kënnen erhale ginn, an dat ouni eis selwer an anerer an eng geféierlech Situatioun ze setzen.

Léif Sozial Aarbechter vu Lëtzebuerg, ech soen Iech meng Dankbarkeet, am Numm vun der Associatioun, fir Är Efforten, an dësen extremen Zäiten. Dir musst och op Iech selwer oppasse fir datt Dir deenen anerer kënnt hëllefen!

Ech an d’Associatioun invitéieren Iech och scho fir dat mir d’nächst Joer deen Dag zesummen a besser Konditioune kenne feieren !

Zesumme si mir staark !

Nathalie Koedinger

Präsidentin vun der ANASIG


Facebook


Twitter